single-image

ArtEvents am Abrëll

Kulturell Highlights am Artikuss

De Sonndeg, 14. Abrëll 2019 héiert Dir nomëttes ëm 15.00 Auer iwwer 250 Sängerinnen a Sänger, déi mat vill Begeeschterung a Prouwen e wonnerschéine Concert preparéiert hunn. Et sinn déi Jonk vu fréier op de Brieder, wéi d’Welt bedeiten.

Kommt de Senioreconcert lauschteren a maacht eppes fir de gudden Zweck. En Deel vum Erléis gëtt un d’Fondatioun EME (Écouter Pour Mieux s’Entendre) gespent. Den Entrée ass fräi.


“Hotel California”, “Tequila Sunrise”, “Take It Easy” … nëmmen e puer vun de Welthits, déi d’Eagles bekannt gemaach hunn. Bei Ultimate Eagles kréien dës Evergreens de Freideg, 19. Abrëll 2019 ëm 20.00 Auer am Kader vun engem Hommage neit Liewen agehaucht, gespillt vu professionelle Museker, déi mat Gréisste wéi Joe Cocker, Paul Young, Tom Jones, Barbra Streisand, Iron Maiden, Queen a villen aneren opgetruede sinn.

Et ass eng Show, bei där d’Ouere mat enger perfekter Performance verwinnt ginn. En “Must” fir Liibhaber vun der West Coast Music, déi d’Eagles wéi keng aner Band verkierpert hunn, an déi un eng Zäit erënnert, wéi d’Musek nach mat der Hand gemaach gouf an e Liewensgefill vermëttelt huet.

 

De Galaconcert vun der Zolwer Musek gehéiert zu den traditionelle Rendezvousen am Artikuss. Den Dënschdeg, 30. Abrëll 2019 ass ëm 20.00 Auer erëm aus all Richtung a vun all Stil fir jiddereen eppes dobäi. Et geet vu Russland op e Geeschterschëff iwwer d’Ostküst vun den USA bis an England bei den MI6.

D’Harmonie de Soleuvre feiert ënnert der Direktioun vum Serge Kettenmeyer an den éischte Mee eran. Duerch de Programm féieren d’Vanessa Lommer an den Dany Gilbertz.

Hei fannt Dir de ganze Programm: www.artikuss.lu

You may like